Verëffentlecht: 29.06.2018
Haut nom Frühstück si mir mam E-Bike bis op den Timmendorfer Strand gefuer, dat ass net wäit, mee iwwerall laanscht d'Plage bis op Niendorf ass ongeféier 10 km.
Zu Timmendorf gouf alles ganz flott gemaach an d'Hipster mierkt een e bëssen, virun allem sinn et ganz flott Haiser/Villaen op der Plage.
Am Nomëtteg si mer nees op d'Plage gaangen, mir hunn de leschten Dag e bëssen "ausspillen".
Owes si mer op Scharbeutz eppes z'iessen an et war dee Weekend Stand Up Paddling World Cup, also am Zentrum war eppes geschitt. Muer wëlle mir och d'Competitiounen kucken.
Iwwernuechtung: Womohafen Scharbeutzer Strand, 17 Euro ausser Stroum